Eng optesch Täuschung, eng Genmutatioun oder awer Chemikalie vun enger Fabrick?

Fir d'Autosfuerer am russeschen Dserschinsk, ronn 4000km vu Moskau fort, gouf et viru puer Deeg e ganz skurrillen Ubléck. Iwwert déi verschneite Strooss ass e Ruddel vu bloen Hënn gelaf. Wien elo mengt dat wär eng optesch Täuschung oder eng komesch Reflektioun vum Schnéi gewiescht, deen iert sech awer. D'Hënn haten effektiv e bloe Pelz, allerdéngs net wéinst enger Genmutatioun oder ausserierdesche Grënn mee wéinst enger Fabrick an där Géigend.

Dës ass mëttlerweil zwar net méi a Betrib, ma soss gouf do Plexiglas a Blosaier produzéiert. Déi logeschst Erklärung ass also, dass d'Hënn um Terrain mat de Chemikalien a Kontakt komm sinn a sech hire Pelz doduerch verfierft huet.

Nodeems d'Fotoe viral gaange si well et e skurrillen Ubléck war hunn d'Déiereschützer awer séier Alarm geschloen an et gouf kontrolléiert ob de bloe Pelz och Auswierkungen op déi allgemeng Gesondheet vun den Déieren huet. Nodeems Déierendokteren déi blo Hënn ënnersicht hu koum d'Entwarnung: Den Véierbeener geet et gutt a Verschiddener vun hinnen hunn duerch déi medial Opmierksamkeet souguer schonn en neit Doheem fonnt.