D'Kris mécht kreativ: Virun allem op Twitter!

D'Coronakris huet eis zwar de soziale Kontakt geholl, ma den Austausch op Twitter, dee bleift an ass dacks méi kreativ wéi virdrun! Esou och beim User Donnie O'Sullivan, deen sech eng Impf-Aktioun ausgeduecht huet. Hei fuerdert en d'Leit zwar net op sech impfen ze loossen, mee e behandelt d'Thema mol op eng ganz aner Art a Weis: Mat Band-Nimm.

Aus normale Bands a Museker huet de Mann #Impfbands gemaach an deem hien d'Nimm ugepasst huet. Aus Limp Bizkit ass esou zum Beispill "Limpf Bizkit" ginn an aus New Kids on the Block "New Spritz on the Block". An de User huet net laang misse waarden, du sinn och schonn aner User op den Zuch opgesprongen an hunn hirer Kreativitéit fräie Laf gelooss.

Och an Zäite vun der Kris muss ee säin Humor behalen, esou laang kee mam Virschlag Placebo als Impfband kënnt...