"Mam, déi nei Zahnpasta schmaacht iergendwéi komesch..."

Op Tiktok huet e Meedche mam Usernumm "Primrose" e Video gedeelt an deem et sech d'Zänn wäscht. De Grond: d'Zahnpasta, déi seng Mam kaf hat, huet iergendwéi komesch geschmaacht. Nodeems et sech d'Crème méi genee ugekuckt huet ass em kloer ginn, dass seng Mam eng net ganz jugendfräi Verwiesslung am Supermarché hat. Amplaz Zahnpasta hat d'Fra nämlech Gleitgel kaf a mat där Tüb hat d'Kand sech owes d'Zänn gewäsch.

De Clip mam Numm "Alles ok, Mam?" gouf mëttlerweil schonn iwwert eng Millioun Mol gekuckt an huet bei de User fir gutt Laun gesuergt. Ausserdeem huet sech erausgestallt, dass dem "Primrose" seng Mam wuel net déi eenzeg ass, déi scho mol esou Feelgrëff hat...