Baby shark, bass du et?!

Den indonesesche Fëscher Abdullah Nurren huet scho vill Fësch aus dem Waasser gezunn, ma wéi him e Bëbee-Hai an d'Netz gaangen ass huet och hie grouss An gemaach. Genee esou wéi den Hai selwer, deen hat nämlech zwee grouss ronn An, déi esou guer un en Hai erënnert hunn. Ma domat net genuch: Och seng Schnëss war ganz ongewéinlech fir e Fësch. Kuerz gesot: Den Hai, virun allem säi Gesiicht, huet un e mënschlecht Wiesen erënnert.

De Fëscher huet seng Entdeckung vum "Baby Shark" online gedeelt an d'Bild ass natierlech direkt viral gaangen. Komesch Kreature fënnt een halt iwwerall, egal ob iwwer oder ënner Waasser.