Wéi haart et wuel war, déi ze fannen...

Wie sech fort dreemt, denkt meeschtens un eng schéi verloossen Insel, wie seng Fantasie extra gutt ureege wëll, dee kann och bei Google Earth d'Welt entdecken.

Eng Fra aus Michigan huet beim browsen tatsächlech eng ganz besonnesch Insel fonnt. Ursprénglech wollt si sech d'Trinity Islands online ukucken, ma dobäi huet se eng Penis-Insel fonnt. A wat mécht een an deem Fall: Et späichert een net just d'Koordinaten, et deelt ee säi Fonnt och op Facebook.

Nodeems se d'Insel an der Grupp "Google Earth Superfans" gedeelt hat, ass d'Form vun der Insel natierlech gutt diskutéiert a viru geshared ginn.

Wie sech dat gutt Stéck selwer ukucke wëll tippt einfach déi heite Koordinaten 20°37’37”S 166°18’02”E a Google Maps.