Déi Spuenesch Gripp, Zwee Weltkricher an elo och nach COVID-19 - An dat alles wéinst alkoholiséierte Korinten...

Mat 105 Joer gehéiert d'Lucia DeClerck aus dem US-Bundesstaat New Jersey definitiv zu de Risiko-Kandidaten an Zäite vun der Pandemie. Dowéinst hat d'Fra ufanks och e bëssen Angscht, wéi si sech knapps 2 Deeg no hirem Gebuertsdag a kuerz no der Impfung mam Coronavirus ugestach hat. Ma si huet scho vill matgemaach an hirem Liewen an huet e Geheimrezept, wéi een esou gutt derduerch kënnt wéi si: All Dag Bieden an all Dag Gin-Korinten iessen!

D'Fra ass der Meenung, dass si esou laang fit bliwwen ass well si all Dag 9 Korinten zou sech hëlt déi virdru 5 Deeg laang am Gin ageluecht goufen.

Villäicht huet den Impfschutz, deen zu deem Zäitpunkt zwar nach net vollstänneg gewierkt huet, och en Deel dozou bäigedroen, dass de Kierper net all ze vill Symptomer entwéckelt huet. D'Famill vum DeClerck huet sech virsiichtshallwer awer trotzdeem och mol ugewinnt hir Korinten an den Gin ze leeën.