Humor behalen ass erwënscht, schlecht Witzer op offiziellen Dokumenter fir COVID-Patiente villäicht awer net...

Am Coronatest-Center Annaberg-Buchholz hat sech e Mataarbechter e klenge Witz erlaabt, deen elo Konsequenzen no sech zitt. Op dem Formular vum Coronatest-Verfueren hat dësen de Saz "W.e.g fuerzt haart an ären Handy" dobäi gesat. Ville Leit ass et wärend dem Test guer net opgefall, ma spéider wéi se sech doheem alles a Rou ugeelies haten, huet et fir Opreegung gesuergt.

Déi Wéinegst hunn allerdéngs iwwert de Geck gelaacht, scho guer net den Dr. Christian Scholz, Chef vum Diagnosticum, wou d'Uleedungsziedelen hierkommen. Nieft engem Statement vum Diagnosticum an enger ganzer Rëtsch Beschwéierungen, gouf et awer och nach eng aner Konsequenz. D'Police an Affekote gouf ageschalt an elo sicht een no där Persoun, déi sech dëse geschmacklose Witz erlaabt huet.