A Frankräich war en Jogger no der Ausgangsspär ënnerwee a war, aplaz e Protokoll entgéint ze huelen, an d’Mier gesprongen a geflücht.

En Jogger, deen zu La Baule a Frankräich no der Ausgangsspär ënnerwee war, huet et fäerdeg bruecht eng Policekontroll ze vermeiden. D’Ausgangsspär gëllt a Frankräich vun 18h00 un. E Freideg um 19h00 war hien am Gaangen op der Plage ze lafe wéi hien d’Police gesinn huet. E Beamten ass a seng Richtung gelaf komm. Hien ass doropshin an d’Mier gesprongen an ass fortgeschwommen.

D’Rettungsdéngschter goufe geruff well sech Suerge gemaach gouf: d’Temperatur vum Waasser war nämlech immens niddreg. De Mann hat et awer fäerdeg bruecht diskret nees heemzegoen ouni gesinn ze ginn. D’Police konnt hien méi spéit doheem untreffen an trotz senger spektakulärer Flucht huet hien awer e Protokoll vun 135 Euro misse bezuelen!