En Amazon-Client wollt just Lektür fir 90 Cent kafen a krut onerwaart 20$ uewendrop

Fir 90 Cent hat de Gregg Favre sech op Amazon e gebrauchte Buch kaf, dat sech am Endeffekt als duebel gutt Affär erausgestallt hat. De Client krut nämlech net just de Roman vun engem berüümten Auteur fir ganz wéineg Suen, mee bannendra gouf et nach eng Iwwerraschung: En 20 Dollar-Schäin an e Gebuertsdagsgrouss.

Am Buch "Wind Sand und Sterne" vum "Der kleine Prinz"-Auteur Antoine de Saint-Exupéry hat sech eng Widmung verstoppt. Deemno hat den "T-Man" d'Buch zu sengem 13. Gebuertsdag geschenkt kritt mat de Wierder "et mécht sech bezuelt, ze liesen". Hätt et wuel och, hätt den T-Man sech dru gehalen.

RTL

© Unsplash

"Ech huelen un den T-Man hat sech dëse Rot net zu Häerze geholl", huet den neie Buchbesëtzer séier festgestallt an op Twitter mat senge Follower gedeelt. Esou ginn déi 20 Dollar also un de Gregg, deen e richtege Gewënn mat dësem Kaf gemaach huet.

Fazit: Et muss méi gelies ginn (oder kuckt wéinstens an d'Bicher eran, déi der geschenkt kritt...)