D'Maggie Clayton war iwwerzeegt dovun, dass si hire Mann in flagranti erwësche géif. Ma heiansdo ass et NET esou wéi et ausgesäit...

Wéi d'US-Amerikanerin Maggie Clayton enges owes heemkomm ass an duerch d'Fënster d'Silhouette vun enger, hir onbekannter, Persoun gesinn huet, war fir d'Fra séier kloer, dass hire Mann hir géif friemgoen. Ëmmerhin huet een duerch d'Fënster faarweg Luuchte gesinn, haart Musek héieren an eng Persoun mat laangen Hoer, déi sech op de Sound beweegt huet.

D'Fra hëlt also hiren Handy eraus a fänkt scho baussen u mat filmen. "Ass do eng aner Fra? Sot mer net, dass mäi Mann mat enger anerer Fra dobannen ass", déi Wierder sinn um Video ze héieren, ier d'Maggie an d'Haus stiermt.

Ma dobannen erwaart d'Fra eng onerwaarte Situatioun. Si huet hire Mann net in flagranti mat enger Affär erwëscht mee mat engem Kolleeg, dee sech eng Perreck op de Kapp gedoen huet an der Fra hir Jeans unhat. Zesummen hunn d'Männer am 80er Look dem Bon Jovi säi Song "Livin on a Prayer" performed an dat hat vu baussen eben no enger ganz anerer Situatioun ausgesinn.