Mat de Wierder "Covid sucks" an dem Drénkgeld, deen en op der Rechnung hannerléisst, suergt den anonymme Gaascht fir vill Freed beim Personal.

D'Pandemie suergt virun allem bei der Event- a Gastronomie-Branche fir finanziell Suergen. An den USA sinn d'Restauranten zwar nach op, ma wéinst der aktueller Situatioun bleiwen och hei dacks d'Gäscht aus, wourënner dann d'Finanze leiden. Ee Gaascht huet et genee dowéinst extra gutt mam Personal gemengt.

Am Restaurant "Guard and Grace", zu Denver a Colorado, hat en onbekannte Visiteur eppes op d'Rechnung gekrozelt, dat d'Personal zimmlech verwonnert zréckgelooss huet. Nieft der Zeil "Covid sucks", iwwersat: "Covid nervt", stoung d'Verspriechen, dass all eenzel Persoun, déi am Betrib ugestallt wär 200 Dollar vun him géif kréien. Insgesamt hat de anonymme Gënner domat 6800 Dollar fir déi ganz Beleegschaft lacker gemaach.

Ënnerschriwwe gouf dat Ganzt mat engem Smiley an der Signature "Covid Bandit". "Wien der Däiwel ass de Covid Bandit?" huet et duerno op de soziale Medie geheescht, nodeems Ugestallten déi spendabel Aktioun gedeelt haten.