Do huet sech de Spadséiergang um Strand gelount...

Besonnesch appetitlech war et net mee gelount huet sech d'Entdeckung vum Siriporn Niamrin definitiv. D'Fra hat virun hirem Haus um Strand an der thailännescher Provënz Nakhon Si Thammarat eppes entdeckt, dat eng wuess-änlech Konsistenz hat. Dobäi huet et sech em Ambra gehandelt, wat am Prinzip näischt Aneres ass wéi de Katz vun engem Wal. Klengt wéi eppes, dat een net fanne wëll, ma fir d'Siriporn war et dat Bescht wat si op hirem Spadséiergang fanne konnt.

D'Substanz ass nämlech immens seelen a wäertvoll well se fir d'Hierstellung vun deiere Parfume verwäert gëtt. De Klompen, deen d'Fra fonnt huet ass 30 Zentimeter breet, ronn 60 Zentimeter laang a weit knapp 7 Kilo. Domat wär déi heiten Usammlung ganzer 200.000 Euro wäert.

Wie sech lo freet, wien op déi Iddi kënnt Katz anzesammelen: Fir eis klengt dat Ganzt villäicht skurril. Ma un der Küst kënnt esou eng Entdeckung mol vir. An och wann et immens seelen ass, dass esou e Stéck direkt um Strand opdaucht, ass den Eenheemeschen natierlech bewosst, wat do fir e Schatz do virun hinne läit.