... gëtt och agefaangen. Ma d'Story kritt awer nach ee gudde Schluss

Ee Petzi deen net nëmme Kannerhäerzer méi hefteg schloe léisst: ee grouss mof-rosat  Einhorn an engem Dollar-Store. A genee dëse Petzi hat sech och d'Sisu, ee léiwe bronge Labradormëschling verléift. Ma och wann d'Einhorn net onmoosseg deier war, esou ganz ouni Suen ass et natierlech schwéier dësen ze kréien. D'Sisu huet nämlech eleng op der Strooss gelieft am Bundesstaat North Carolina. De Mupp war dermoosse frou mam Einhorn, dass en net nëmmen eemol, ma direkt 5mol an de Spillsaachebuttek gestiermt ass a "säin" Einhorn matgoe gelooss huet. Oder et op mannst versicht huet. All Kéiers wann ee Client an de Buttek era gaangen ass, huet d'Sisu sech mat era geschlach an sech de Petzi geschnaapt.

Ma wie klaut muss awer mat enger Strof rechnen, och wann een esou süss wéi d'Sisu ass. No der 5. Kéier hat d'Personal am Geschäft es genuch mam klauen. Si hu souguer d'Dier mussen zouspären an dunn d'Déierebehörd "Duplin County Animal Services" uruffen. Dës ass dann och komm. Ma eng vun de Beamtinnen, d'Samantha Lane, huet dem Sisu säin Éiergäiz awer einfach ze léif fonnt. An him d'Einhorn dann och kaf.

Déi ganz Story huet awer och ee gudde Schluss: d'Sisu huet net allzelaang misse waarde, bis Leit sech gemellt hunn, déi him an dem Einhorn een doheem fir ëmmer wollte ginn. An engem Update vum 26. Mäerz heescht et dann, dass eng passend Famill fonnt gouf.

An och den Dollar-Store beweist Häerz: si hu sech bereet erkläert der neier Famill vum Sisu e puer zousätzlech Einhörner ze besuergen, fir sécher ze stellen, dass d'Sisu net ouni muss auskommen. Ausserdeem wäert een der Beamtin, wéi och dem DCAS eng Spend iwwerreechen.