Ufanks war et eng normal Schwangerschaft an no 3 Woche waren et bemol Zwillingen.

Op mannst eng Kéier am Liewe schwanger ginn ass den Dram vu ville Fraen. Bei verschiddene geet dee Wonsch eleng awer nach net duer, do ass d'Verlaangen no méi wéi engem Kand do oder eventuell esouguer no Zwillingen. Esou ee Kannerwonsch hat och d'Rebecca Roberts. Wéi se gewuer ginn ass, dass se Schwanger ass war d'Freet bei hier a beim zukünftege Papp natierlech grouss. Wéi déi zwee dunn awer an der drëtter Ultraschall-Kontroll waren, konnten se net gleewe wat den Dokter hinnen do matgedeelt huet.

Op den Ultraschallbiller gesäit ee kloer net just ee Puppelche mee zwee. Et ass hei net esou, dass dat zweet am Ufank net gesi gouf, mee huet sech effektiv eréischt méi spéit entwéckelt, esou huet d'Koppel et vis à vis vun der ''Metro'' matgedeelt. Ma net just d'Eltere sinn iwwerrascht mee och d'Hiewan. Dëse Phänomen gëtt nämlech ''Superfötatioun'' genannt an ass extrem seelen. Dobäi ginn zwou ënnerschiddlech Eezellen zu zwee verschiddenen Zäitpunkte befrucht.

D'Rebecca selwer schreift op senger Instagram-Säit, dass et bis ewell just 14 dokumentéiert Fäll Weltwäit ginn. Meeschten iwwerlieft deen zweete méi klenge Puppelchen d'Schwangerschaft net, wat bei der jonker Koppel hei net de Fall war. D'Zwillinge si gesond a monter op d'Welt komm an den Eltere geet et och gutt.