D'Fënster vum Auto oploossen ass net nëmme fir de Bandit interessant mee och nach fir verschidde kleng Déiercher, déi een neit Doheem sichen.

Stellt iech mol fir dir kommt vum Akafen zeréck, wëllt an ären Auto klammen a bemol gesitt der, dass dëse voller Beien ass. Genau dat ass engem Awunner vu Las Cruces am US-Bundesstaat New Mexico passéiert. Dësen hat den Auto mat nëmme liichten oppene Fënsteren um Parking hannerlooss a sech näischt dobäi geduecht.

Ronn 15'000 Beien haten et sech a sengem Auto bequeem gemaach. Doropshin huet de Besëtzer den Auto natierlech stoe gelooss an direkt d'Pompjeeë geruff, déi de Beräich ronderëm den Auto ofgespaart hunn. Gottseidank war ee Pompjee mat dobäi deen a senger Fräizäit een Hobby-Imker ass. Dësen huet dunn dat ganzt Beievollek ëmgesidelt. Bis all eenzelt klengt Déierchen aus dem Auto eraus war, huet ganzer zwou Stonne gedauert.

Erstaunlech ass, dass nëmmen eng Persoun bei der ganzer Aktioun gepickt ginn ass. Gléck am Ongléck.