Op den éischte Bléck gesäit dat alles ganz léif aus. Ma loosst iech dovunner awer mol net täuschen.

Den Hond ass dee beschte Frënd vum Mënsch. Dat war nach ëmmer esou a wäert och warscheinlech ëmmer esou bleiwen. Ok, deen een oder aneren huet Kaze léiwer, ma dat ass elo hei awer en anert Thema.

En Hond mécht alles fir säi Meeschter a weist him vis à vis eng Léift déi ee vu verschiddene Mënschen ni kritt. Deemno ass de Mupp och bereet säi Besëtzer oder Besëtzerin bis op dat Äusserst ze verdeedegen, esou och de Golden Retriever Harry. Dësen huet sech virun e klengt Meedche gestallt, wat vu senger Mamm eng Panzrappecht krut, a flätscht vis à vis vun der Mamm esouguer d'Zänn. Den Hond weist Matgefill a Beschützt d'Meedchen.

De Video dovunner geet mëttlerweil Viral. Op den éischte Bléck gesäit dat alles extrem léif aus. Ma wann een awer méi genau um Video kuckt, da gesäit een, dass d'Besëtzerin den Hond schléit an dësen dowéinst esou grommelt.