D'Mieresbewunner sinn net all schei. Verschiddener sinn esouguer zimmlech aggressiv a genau dat konnt e Mann an Australie beobachten a selwer spieren.

Einfach mol seng siwe Saache paken an un d'Mier fueren. Dat ass ee Gedanken an een Dram deen aktuell ganz vill Leit hunn. Ma d'Mier huet allerdéngs net nëmme schéi Säiten, virun allem wann ee sech ukuckt wat do alles dra lieft. An net all Mieresbewunner ass friddlech. Dat huet de Lance Karlson um eegene Läif missten eraus fannen.

Wéi hien zesumme mat senger Famill um Strand spadséiert ass, ass him am Waasser een décken Tëntefësch opgefall deen zimmech aggressiv drop war. Dësen huet sech nämlech mat enger Méiw ugeluecht an huet wéi verréckt mat sengen Tentakelen no hier geschloen. De Mann huet net vill drop ginn an huet säi Sonneschutz-Zelt weider opgebaut. Wéi dësen dono awer an d'Waasser gaangen ass fir e bëssen ze schnorchelen huet et net laang gedauert bis den aggressiven Oktopus sech dem Mann un den Hals gehaangen huet. De Brëll ass verrutscht an d'Waasser war direkt dréif, esou de Lance. Gottseidank ass de Mann Rettungsschwëmmer a wosst wéi en ze reagéieren hat.

Et ass him gelongen d'Déier lass ze ginn an ass deemno direkt nees u Land bei seng Famill geschwommen. Um Strand ukomm huet hien direkt eppes op seng Wonn gemaach, well säin Hals war duerch d'Tentakele gutt ugeschloen.