Well ee 50 Joer ale Mann net an déi obligatoresch Quarantän wollt goen huet hie probéiert 40km wäit Schi iwwer Schweden a Norwegen an zeréck ze fueren.

Fir déi obligatoresch Quarantän an engem Hotel ze vermeiden ass een Norweger op eng éischter speziell Iddi komm.

De 50-järegen Norweger huet missen de Weekend an de Bierger gerett ginn nodeems hien iwwer d'schwedesch Grenz zeréck an Norwege wollt 40km wäit Schifueren, esou d'Police.

Wéi et heescht wollt de Mann heem fir Pabeiere sichen ze goen an zeréck a Schweden wou hien e Chantier hätt. Ma fir déi obligatoresch Quarantän ze vermeiden ass hien iwwert d'Bierger op der Grenz mat de Schi gefuer.

Well d'Wiederkonditioune schlecht waren hat de Schifuere Problemer no ronn 25km Aventure um Samschdegnomëtteg kritt. De Mann gouf vun engem Renndéierziichter fonnt ier de Norweger un zwee Fëscher bei engem Séi weidergi gouf. Doropshi sinn d'Rettungsekippen op d'Plaz komm.

Wéinst Infraktioun vun de Covidmesurë gouf de Mann un d'Police weiderginn déi de Mann wäerte fir weider Ermëttlunge befroen.

Lokale Medie no war dem 50 Järege säi Plang, datt säi Fils hien no senger 40km Aventure mam Auto sollt mathuelen.

Net nëmme vill Zäit verluer, ma och vill Kalorië bei dësem sportlechen Erliefnes...