Egal ob e Rdv beim Zänndokter, Schluss maache mam Frënd oder beim Chef krank mellen: D'McKenzee erleedegt dat fir iech!

Telefonéieren, déi eng hunn et gären, déi aner haassen et. Ma virun allem Telefonater bei deenen een eppes onangeneemes uschwätze muss oder eppes bei Friemen ufroe soll, gi vu ville Leit mat Passioun gehaasst. Leiwer schreift een 100 Mails, Whatsapp-Noriichten oder dréckt sech einfach komplett do virdrun, ier den Hörer an d'Hand geholl gëtt.

A genee do kënnt d'McKenzee an d'Spill. Déi 25 Joer jonk Fra telefonéiert gären, huet eng angeneem Stëmm a bitt dës Qualitéiten hire Follower op Tiktok un. Géint 5 Dollar rifft si fir anerer un an dat egal bei wiem.

"So Bescheed: Fënnef Dollar an ech ruffe fir dech un. Ech arrangéieren der e Rendez-Vous beim Dokter, maache mat dengem Frënd Schluss, ruffen deng Mam u fir hir ze soen, dass de fir d'Familljefeier net heemkomme kanns, mellen dech bei der Aarbecht krank".

Séier huet sech erausgestallt wéi ongären dës Generatioun den Telefon an de Grapp hëlt an d'McKenzee hat Succès mat sengem Konzept. Mëttlerweil wëll d'Fra souguer e Business draus maachen a schafft un enger eegener Website fir hir Servicer.