En éischt-Schouljoer huet an der Klass geléiert wéi een e Bréif verfaasst an dat huet d'Kamryn direkt ëmgesat...

All anstänneg Jeans huet 4 Boxentäschen, an déi een deenen ee seng Saache verstaue kann. Kéint ee mengen, wann een e Mann ass, dee just an der Hären-Sektioun akafe geet. Fra wëssen, dass dat ganz dacks net de Fall ass an déi viregt Täsche bei Jeans meeschtens just fir d'Optik do sinn. Déi wéinegst Fraen-Jeans hu vir richteg Boxentäschen.

Genee déi Erfarung huet och schonn d'Kamryn Garden gemaach, eng 7 Joer jonk Schülerin vun Arkansas. Viru kuerzem hunn hatt a seng Klassekomeroden an der Schoul geléiert, wéi een en iwwerzeegende Bréif schreift an dat Wësse gouf direkt ëmgesat. D'Kamryn huet sech decidéiert géint d'Ongerechtegkeet vun de fake Täsche virzegoen an huet dem Jeans-Hiersteller "Old Navy" e Bréif geschriwwen.

"Ech hunn et net gären, dass déi viischt Täsche bei Meederchers-Jeans fake sinn", schreift d'Kamryn. Hatt géif gäre seng Hänn a Saachen an den Täsche verstauen a freet d'Mark ob si net kéinte richteg Täsche produzéieren. An dee Bréif schéngt bei den Hiersteller tatsächlech op en oppent Ouer gestouss ze si well d'Meedchen aus der éischter Klass krut eng positiv Äntwert an där "Old Navy" bestätegt, dass si de Feedback seriö géifen huelen an un engem neie Produit géife schaffen. Ausserdeem krut d'Kamryn 4 Jeans mat richtegen Täsche geschéckt.

Op Social Media krut d'Schülerin vill Luef fir säi Bréif, virun allem vu Fraen, déi dee de Problem vun de fake Täsche kennen.