Prisong oder Geldstrof? Dëst Urteel wollt de Wiener net op sech sëtze loossen...

D'Geschicht vun e bësse waarmer Loft, oder wéi d'Wiener Medien et genannt hunn "Darmwind", ass d'lescht Joer ronderëm d'Welt gaangen. Am Juni 2020 krut de Mitja M., deen zu Éisträich wunnt, e Bréif vun der Police heemgeschéckt mat engem ongewéinleche Uleies: "Dir hutt d'ëffentlecht Optriede verletzt well dir haart viru Policebeamte  en "Darmwind" erausgelooss hutt", gouf am Bréif erkläert. Iwwersat: De Mann hat virun de Poliziste gefuerzt an doropshi gouf de Wiener zu 500 Euro Geldstrof oder alternativ 5 Deeg Prisong ugeklot.

De Student, deen eegenen Aussoen no, net express virun de Beamten Loft ofgelooss huet, huet dës Bestrofung awer net agesinn a wollt dogéint virgoen. Anscheinend hätten d'Poliziste souguer gelaacht wéi dem Mann de Puups entwëscht ass an ee vun hinnen hätt souguer gegeckst a gesot hie sollt sech léiwer eng nei Ënneschtbox undoen. D'Geschicht ass nom Asproch vum Mitja also viru Geriicht gaangen an do gouf elo eng Decisioun geholl.

Via Twitter huet de Jurist Paul Eberstaller annoncéiert, dass de Mitjia fir säi Malheur bezuele musst, zwar net déi voll 500 Euro déi ufanks erwaart goufe mee ëmmerhin nach 100 Euro. Dem Geriicht no, wär e Fuerz keng adequat Kommunikatiouns an ass dowéinst och net vun der Meenungsfräiheet gedeckt. Des weideren heescht et, dass domat d'Grenze vun der anstänneger Meenungsäusserung iwwerschratt goufen an den "Darmwind" d'Recht an Uerdnung an d'Lächerlecht kéint zéien. Lächerlech kënnt villen hei just de Juristen-Langage an d'Strofdot vir, ma trotzdeem muss de Student d'Resultat seriö huelen d'Geldstrof bezuelen.