Domat hat d'Reporterin wuel net gerechent...

Wärend Live Takes ka villes schif goen, virun allem bei Meteo-Presentatiounen huet ee schonn déi eng oder aner Pann materlieft. Ma d'Reporterin Nadezhda Serezkhina, hat net domat gerechent, dass ausgerechent e Mupp him d'Show géif klauen.

D'Fra hat sech live eragemellt fir e Wieder Update a Russland ze ginn an hat knapps ugefaange mat schwätzen dunn ass en Hond virun d'Kamera gesprongen an huet der Fra, déi komplett perplex war, de Mikro aus dem Grapp geklaut. Mat dem Mikro tëscht den Zänn huet e sech dunn duerch d'Bascht gemaach an d'Korrespondentin direkt hannendrun.

De Mupp hat de faarwege Mikro wuel mat enger Spillsaach verwiesselt. An der Tëschenzäit gouf am Studio séier fortgeschalt an eppes aneres lafe gelooss. Spéider huet d'Serezhkina sech awer nees live erageschalt fir en Update ze ginn. Den Hond mam Numm Martin wollt just spillen, der Fra ass näischt geschitt an de Mikro konnt och zréck ergattert ginn. Och wann d'Reporterin gutt erféiert war, hunn déi Zwee sech wéi een am Video gesäit verdroen a sech souguer d'Hand, respektiv d'Patt, op déi nei fonnte Frëndschaft ginn.