Fir seng Hochzäit muss natierlech alles perfekt sinn an et dierf näischt schifgoen. Alles muss absolut schéi sinn. Do zielt och den Auto dozou...

Den Dram vu villen ass et sech eng Kéier mat senger besserer Hallschent ze bestueden. Do muss natierlech alles perfekt a schéi sinn. Dozou gehéiert och den Auto.

Ma ee Mann aus Ludwigshafen huet awer nach séier den Auto misse wäsche wouropshin hien e "bëssi" ze séier gefuer ass.

Dem Mann aus Ludwigshafen am däitsche Rheinland-Pfalz gouf net nëmmen um Dag vu senger eegener Hochzäit vun der Police felicitéiert, ma de Mann huet och säi Permis misse fir 2 Méint ofginn an 900 Euro Strof bezuelen.

Der Police no ass de Mann um Samschdegmoie mat 191km/h op der Autobunn 650 gefuer wou eigentlech just 90km/h erlaabt ass.

Dem Mann säi Grond: Hien misst schnell an d'Wäschstrooss well hien sech um Nomëtteg bestuede wäert.

D'Police huet him natierlech felicitéiert ma hien awer och iwwert d'Konsequenzen informéiert vun deenen 101 Stonnekilometer déi hien ze séier war. Nieft dem Fuerverbuet an der Geldstrof krut hien och 2 Punkten op säi Permis.