De Berliner hat per Flyer ëm Support beim Spill „Skyrim“ gesicht…

Fir Videospiller ass een ni ze al, dat beweist d’Geschicht vum Klaus-Jürgen Langner, deen an der Pensioun ugefaangen huet d'Zocke fir sech ze entdecken. Säin neiste Gaming-Projet: "The Elder Scrolls V: Skyrim". Hei kämpft een an enger Fantasy-Welt géint dat Béist a muss Missioune léisen. De Mann aus Berlin war relativ séier begeeschtert vum Konzept vum Spill, ma en huet och séier gemierkt, dass dat Ganzt guer net esou einfach ass. De Langner ass direkt am Ufank vum Spill an enger Festung hänke bliwwen a koum net virun. Dowéinst huet hie kuerzerhand no Hëllef gesicht an 100 Flyeren ausgedréckt. Dës huet en du mat sengem Noper, dem Heinz, a senger Ëmgéigend opgehaangen.

D’Leit hunn de Flyer net just gesinn an amüsant fonnt, och am Netz ass den Opruff viral gaangen an esou huet den 88-Järege séier Hëllef fonnt. E jonke Mann, deen an engem Jugendfräizäit-Heem schafft hat sech beim Klaus-Jürgen gemellt an him seng Expertise ugebueden. Zesumme krute se dem Mann säin Avatar aus der éischter Festung an et konnt viru gespillt ginn.

De Problem war iwwregens net, dass de Mann nach ni gezockt huet. Scho viru Joren hätt en aner Spiller um PC gespillt mee fir „Skyrim“ war dëse Computer ze al. Dofir krut en extra eng PlayStation 4 vum Noper geschenkt, ma mat där war de Pensionär eben einfach nach net gewinnt ze zocken.