De Mann wollt senger Partnerin just e Kaddo maachen an op ee mol ass aus der Frëndin d’Cousine ginn.

Erauszefannen wou déi eegen Originne leien, dat fanne vill Leit interessant. Virun allem wann een net vill vun der eegener Famill weess. Esou ass et dem Matilda gaangen, deem seng Mam selwer adoptéiert ass an deem säi Papp et ni wierklech kenne geléiert huet. Doropshin hat säin deemolege Frënd him fir de Gebuertsdag en DNA-Test -Kit geschenkt. Eigentlech cool esou en ongewéinleche Kaddo, dee mat Beduecht erausgesicht gouf. Ma an Zukunft wäert den Ex wuel éischter op de Standard wéi Blummen oder Schockela zréckgräifen.

Gléck am Ongléck (oder Ongléck am Ongléck): D’Kits waren erofgesat an esou huet sech de Frënd aus Virwëtz direkt och esou en DNA-Test fir doheem kaf. Nodeems se dës also duerchgefouert, an ageschéckt, haten huet d’Koppel op d’Resultater gewaart. No engem Mount koum dunn de Schreck: Beim Test ass erauskomm, dass déi Zwee verwannt sinn. An net iwwer 100 Ecker mee Cousin a Cousine.

D’Fra schwätzt an hirer Geschicht vum „Ex“, esou dass een dovun ausgoe kann, dass d’Koppel sech getrennt huet. Hoffentlech am Gudden, soss gëtt et komesch um Familjeniessen…