Eng "Kreatur" huet zu Krakau fir Opreegung gesuergt mee d'Déiereschützer konnte séier Entwarnung ginn...

Dësen Asaz wäerten d'Mataarbechter vum engem Déiereschutzveräin zu Krakau esou séier net vergiessen. Eng Fra hat nämlech ganz panikéiert bei der Organisatioun ugeruff fir en Déier ze mellen, dat bedrolech géif ausgesinn a virun hirem Appartement géif an engem Bam sëtzen.

Der Fra um Telefon no, géif dës "Kreatur" schonn zanter 2 Deeg de ganze Block terroriséieren an d'Leit géife sech net méi trauen hir Fënsteren opzemaache viru lauter Angscht, dass dat geféierlecht Déier an hir Wunneng kéint kommen. De Bewunner no kéint et sech ëm e Leguan handelen, d'Déiereschützer um aneren Enn vun der Leitung hu bei där Beschreiwung awer éischter un e Raub-Vugel geduecht.

Wéi d'Aarbechter vum Veräin dunn ukomm sinn a prett waren d'Bewunner an d'Déier ze retten hu se awer misse feststellen, dass d'Kreatur weder Been nach e Kapp hat. "D'Kreatur sëtzt do a beweegt sech net. Seng brong Haut glënnert an der Sonn", esou d'Déiereschützer, déi sech bewosst ginn, dass se net kënne weiderhëllefen. "Et ass schwéier enger geféierlecher Kreatur ze hëllefen, déi virdru gebak gouf", esou d'Aarbechter, déi mëttlerweil erausfonnt hunn, dass de vermeintleche Leguan eigentlech just e Croissant war. An nee heibäi handelt et sech net ëm e spéiden Abrëllsgeck, d'Bewunner waren tatsächlech vun engem Croissant am Bam terroriséiert ginn.

Esou absurd déi ganz Geschicht klengt, ass et dem Veräin wichteg festzehalen, dass een am Zweiwelsfall ëmmer léiwer op Nummer sécher soll goen an Hëllef unzefroen.  Et weess ee jo ni...