Onbekannter hunn zu Ravensburg an Däitschland eng ongewéinlech Statue opgeriicht...

Um Weekend hu Passanten op engem Feldwee am schwäbesche Ravensburg eng ongewéinlech Skulptur entdeckt. Am Uertsdeel Taldorf steet e ronn zwee Meter héijen Holzpenis. Matten an der Natur kann een dat gutt (Verschiddener géife soen, dat beschten) Stéck bewonneren.

Wien de Phallus sou akkurat geschnëtzt an dohi bruecht huet ass net bekannt, de Penis dierf awer do stoe bleiwen, esou d'Uertsverwaltung, déi besteet, dass d'Gemeng dat Ganzt mat Humor hëlt. Déi hëlze Konstruktioun wär gutt um Buedem befestegt a stellt keng Gefor fir Passanten oder de Verkéier duer.

Trotzdeem wéilt d'Gemeng ganz gäre wësse wien de Kënschtler hannert dësem Fall (Phallus) wär, fir d'Fro vum Eegentum ze klären.