A wat verstoppt sech ënnert ärem Teppech?

Renovéieren ass vill Aarbecht an eigentlech passéieren do och net esou vill spannend Saache mat deenen een net gerechent hätt. Ma heiansdo stéisst een dann awer op déi eng oder aner Entdeckung, och wann ee scho ganz laang am Haus wunnt.

Op Reddit, enger Online Plattform, huet e User dovun erzielt, dass hien zesumme mat senge Schwéierelteren den Teppech aus hirem Haus erausrappe wollten. Dëse war nach vum fréieren Hausbesëtzer iwwereg an no ronn 30 Joer wollt d'Koppel en endlech mol entsuergen. Ma, dass sech ënnert dësem Stéck e risegt Monopoly-Spillfeld verstoppt, domat hat kee gerechent.

D'Hausbesëtzer hate vun der Existenz vun dësem opgemoolte Brietspill keng Anung an hu gutt gestaunt wéi et zum Virschäi komm ass. Ob se d'Monopoly-Feld a Liewensgréisst wëlle bäibehalen, dat ass net gewosst. Ma den Eedem wär am Gaangen, déi Zwee ze beaarbechten d'Konschtwierk, dat bei ville Spiller-Fans fir Freed géif suergen, net nees ze verdecken.