Realitéit oder Hollywood-Film? Dat huet ee sech bei dëser chineesescher Hochzäit misse froen...

Heiansdo produzéiert d'Liewe Geschichten, déi méi verreckt si wéi ee se aus der Fiktioun kennt. Genee esou huet et sech och am chineeseschen Souzhou zougedroen, wou eng ganz speziell Hochzäit gefeiert gouf. Wärend der Zeremonie ass der Schwéiermamm vun der Braut nämlech e ganz vertrauten Detail un der Hand vun der Fra opgefall: e Schéinheetsfleck. Ma genee esou een hat och der Schwéiermamm hiert leiflecht Meedchen, dat virun 20 Joer verschwonne war. Ganz opgereegt hat d'Fra sech doropshi bei den Eltere vun der Braut erkundegt op dës adoptéiert wär.

D'Braut-Elteren hunn der Fra doropshi verroden, dass si d'Meedchen effektiv virun 20 Joer op der Strooss fonnt hunn an dat verloossent Kand doropshi selwer groussgezunn hunn. Dëst wär bis elo e gutt gehitte Familljegeheimnis gewiescht, d'Meedche wéisst awer vu senger Vergaangenheet.

Nodeems d'Braut mat den neisten Erkenntnisser konfrontéiert gouf war d'Freed grouss. D'Meedchen hat jorelaang probéiert seng leiflech Elteren ze fannen, bis dohin awer ouni Erfolleg. De Moment op deem seng Mam et op der Hochzäit erkannt hätt, wär de schéinste Moment vu sengem Liewe gewiescht, "nach méi schéi wéi d'Hochzäit selwer", esou d'Braut. Dir hutt richteg gelies, d'Hochzäit ass net ofgebrach ginn!

Wéi wann dat Ganzt net scho geckeg genuch wär, ass de Bräitchemann nämlech och adoptéiert. Nodeems déi traureg Mam, déi hiert Kand vermësst gemellt hat, d'Hoffnung opginn hat, hat si sech dofir decidéiert en anert Kand ze adoptéieren. D'Zeremonie konnt also tatsächlech duerchgefouert gi well Braut a Bräitchemann net tatsächlech verwannt sinn. Eng Hochzäit wéi aus enger Telenovela...