Fraenheld oder Gangster?!

Den Takashi Miyagawa hat Succès an der Léift, e bëssen ze vill Succès wann ee seng 35 Frëndinne freet. Nee hei handelt et sech net ëm iergendee Kult, d'Frae wossten näischt vuneneen an hunn all geduecht si wäre jeeweils déi eenzeg Fra am Takashi sengem Liewen.

Den 39 Joer ale Japaner huet dës Bezéiungen iwwert eng länger Zäit jongléiert ouni dass seng Masch opgeflunn ass. Ma nodeems eng vun de Frëndinnen entdeckt huet, dass den Takashi nieft hir nach eng aner Bezéiung hat, huet si weider gefuerscht, déi aner Frae fonnt a sech mat hinnen zesumme gedoen. Esou ass de ganze Bedruch schlussendlech opgeflunn.

De japanesche Casanova ass domat awer net just nees Single, him droen och legal Konsequenze well hie vun de Frae profitéiert hat a sech probéiert hat duerch si an hir Kaddoen ze beräicheren.