Dem TikToker ''mitchxllt'' ass op de Verpackunge vu ''Maoam'' eppes opgefall, dat een als Kand net gesinn huet.

Als jonke Mënsch leeft een esou duerch d'Liewe wéi et engem gefält. Heiansdo huet ee mol mat sengen Eltere gestridde fir dierfe méi laang op ze bleiwen oder fir eng nei Spillsaach ze kréien. Ma dat waren dann awer och schonn déi gréisste Problemer déi een hat. Deemno huet ee sech och net iwwert villes misste Gedanke maachen a bei villem huet ee sech näischt schlechtes geduecht.

Elo si mer all méi al a mierken heiansdo, dass engem villes an deene jonke Jore guer net opgefall ass. Genau esou ass et och dem TikToker ''mitchxllt'' ergaange wéi hie sech d'Verpackunge vun de Maoam-Kamellen ugekuckt huet. Als Kand gesäit een do léif Männercher déi sech an den Aarm huelen an dat alles virun engem faarwegen Hannergrond. Als Erwuessene gesäit een do allerdéngs aner Saachen. Déi kleng Figuren déi dorop ze gesi sinn, huele sech nämlech net einfach just an den Aarm mee lecke sech och nach géigesäiteg of...