Bei enger Kajak-Tour sinn zwee Paddeler an Australien op eng komesch Kreatur gestouss…

Zwee Paddeler waren an Australien um Waasser ënnerwee, wéi se an der Géigend vun der Küsten-Stad Townsville am Nordoste vum Bundesstaat Queensland. Op ee Mol ass hire Paddel op eppes ënnert der Waasseruewerfläch gestouss an eraus koum eppes dat ausgesinn huet wéi eng Bull Matsch. Séier ass awer kloer ginn, dass et sech hei ëm e Liewewiesen handelt, ëm e geféierlecht souguer.

D’Paddeler waren op e Steenfësch gestouss, en Déier wat an der Lag ass sech immens gutt ze tarnen. Dacks gesäit et just aus wéi e verdreckste Steen, ma dës Zort Fësch besëtzt Gëftdrüsen an dës kënnen a grousser Quantitéit liewensgeféierlech si fir Mënschen.

Déi elle Fësch gehéieren zu de gëftegste Fëschzorte weltwäit, virun allem fir Mënsche well dës se dacks mat Steng verwiesselen, drop trëppelen an dann e gëftege Stachel am Fouss hunn. Dëse féiert zu extremer Péng, Lämungen a kann och déidlech endegen.