Eppes am Casier stoen ze hunn ass ni vu Virdeel, virun allem wann een näischt dovu weess...

Bei offiziellen Ufroen oder Job-Gespréicher gëtt gäre mol nom Casier gefrot. Esoulaang d'Bewerber sech awer keng gréisser Gesetzesbréch erlaabt hunn, sollt dat kee Problem sinn. Ma wat geschitt wann een 21 Joer laang vun der Police gesicht gëtt a keng Anung dovun huet.

Eng Fra aus Texas wollt no hirer Hochzäit eigentlech just hire Familljennumm um Fürerschäin ännere loossen. Ma wéi si dat offiziell ugefrot huet, huet dat zoustännegt Amt geäntwert, dass si nach an engem Fall an hirer Heemechtsstad Oklahoma verwéckelt wär.

Wéi d'Caron McBride bei der Behörde ugeruff huet, krut si erzielt, dass si effektiv zanter 21 Joer vun der Police gesicht gëtt wéinst "Verontreiung vu gelounte Saachen". Den Objet ëm deen et sech hei handelt ass eng VHS-Kassett. D'Caron McBride duecht ufanks et wär e Witz, ma d'Uko war tatsächlech eescht gemengt. D'Fra hat sech 1999 de Film "Sabrina the Teenage Witch" aus enger Videothéik ausgeléint. Deemools war si mat engem anere Mann zesummen, dee Kanner hat a si geet dovun aus, dass dës de Film wollten, ma ni zréckbruecht hunn.

An de leschte Joer krut d'Fra reegelméisseg hiren Job gekënnegt ouni Begrënnung, d'Caron geet elo dovun aus, dass de Casier eppes domat kéint ze dinn hunn. Déi betraffe Videothéik gëtt et iwwerdeems guer net méi an nodeems d'Police d'Uklo iwwerpréift huet gouf d'Affär och elo fale gelooss.