Kënschtleresch Fäegkeete schützen net virum Virus an och net virum Shitstorm...

"Verréckt, kengem fält et op", esou geckst den Josh Parler Lin wärend hie mam Leia Se duerch e Supermarché op Bali trëppelt. Wéi den Josh huet d'Leia eng Mask am Gesiicht, anescht wéi säi YouTube Kolleeg handelt et sech hei awer net em eng richteg, mee eng opgemoolte Mask.

Am Virfeld hat d'Fra probéiert ouni Mondschutz an de Supermarché ze goen, ass awer esou net erakomm. D'Freed dorun, d'Mataarbechter mat senger Gesiichtsmolerei ausgetrickst ze hunn, huet awer net laang ugehalen. De Lin hat de Video nämlech den 22. Abrëll op sengem YouTube-Kanal gedeelt a kuerz drop huet sech d'Police beim Influencer gemellt. Kee Wonner bei 3,4 Milliounen Abonnenten, déi och net all begeeschtert vun dëser Aktioun waren.

Ma, dass hire Witz net just fir e klenge Shitstorm gesuergt huet mee fir seriö Konsequenzen hunn déi Zwee spéitstens du gemierkt, wéi se hir Päss ofgeholl kruten. Op Bali an Indonesien gëllen allgemeng streng Reegelen a punkto Nues- a Mondschutz. Och Reegelverstéiss vun Touriste gi bestrooft. Nodeems hinnen de Pass ofgeholl gouf, hunn déi Zwee sech misse verhéiere loossen an et gouf decidéiert op de Lin, dee gebierteg aus dem Taiwan kënnt an an den USA lieft, an d'Leia, aus Russland, deportéiert ginn.

"Et war net eist Zil d'Gesetzer ze mëssuechten oder een unzestachele keng Mask unzedoen. Ech dréine Videoe fir d'Leit ze ënnerhalen. Mir wäerten esou eppes ni méi maachen", esou heescht et am Video, dee kuerz no der Entrevue mat der Police vum Lin a Leia op Instagram gepost gouf.