Corona huet den Alldag verännert, ma esou kann ee sech trotzdeem "normal" begréissen...

Am Ufank war et ongewinnt, elo ass et Standard: Amplaz enger friemer Persoun d'Hand ze reechen, hält ee sech den Ielebou oder de Fouss dohin. Ma wie genuch vun där Begréissung huet, dee kann den normalen "handshake" nees opliewe loossen, op alle Fall virtuell. D'Mini-Spill "A Firm Handshake", entwéckelt vum Torfi Ásgeirsson, erënnert staark un d' "Sims", et ass awer nach méi simpel.

Lass geet d'Spill an deem ee mam eegenen Avatar bei enger aner Persoun geet an ee sech zur Begréissung d'Hand gëtt. Da leeft een zu Zwee weider bei déi nächste Persoun, gëtt där d'Hand a lass geet et bei déi Drëtt. Esou geet et dann ëmmer virun. D'Spill-Logik ass deemno e bësse wéi bei "Snake" oder "Pac Man", allerdéngs just esou laang, bis ee sech de Wee duerch e puer Reie vu Sumo-Ringer kämpfe muss. Klengt bizar, ass et och.

Dat ganzt Spill erënnert un d'Firmenwelt an all d'Spiller si bronge Kostümer ënnerwee. Och den Hannergrond ass bis op déi eng oder aner Planz, déi mol am Raum steet, relativ neutral gehalen.

D'Spill kann ee gratis eroflueden, wien also mol rëm Loscht huet anere Leit wéinstens digital d'Hand ze ginn, dee ka lass leeën. Et gi just zwou Méiglechkeeten, entweder et ass perfekten Training fir dee Moment, an deem ee sech nees d'Hand ka ginn, oder et mécht eis just nach méi socially awkward...