Wuertwiertlech op den Trend vum Covoiturage opgesprongen...

Heiansdo huet een einfach keng Loscht seng eege Been ze benotzen, oder wéi hei déi eege Flilleken. An engem virale Video gesäit ee genee esou eng Situatioun: Hei léisst sech déi eng Méiw ganz bequeem vun enger anerer duerch d'Loft kutschéieren.