Wie sech als Meme um Internet erëmfënnt, ka meeschtens net kontrolléiere wat duerno domat geschitt. Ma wéinstens Sue verdénge léisst sech doduerch!

Am Hannergrond gesäit een en Haus dat brennt, am Virdergrond e klengt Meedche wat wéi e Lausbouf an d'Kamera grinst. Dëst Bild kenne bestëmmt ganz vill Leit, et war 2007 nämlech als Meme viral gaangen. Ënnert dem Titel "Disaster Girl" fënnt een dës Foto mat verschiddene Captions a Bearbeschtungen erëm.

Ma fir den ongeplangte Fame gëtt d'Meedchen dann elo endlech mol belount. Dat mëttlerweil 21 Joer alt Zoe Roth konnt déi digital Versioun vun der Foto als NFT verkafen. NFT steet fir "Non-Fungible Token" an déngt als Besëtznoweis fir digital Artikelen, en Zertifikat fir ze beleeën, dass et sech bei der Foto ëm d'Original handelt souzesoen. An déi léisst sech, obwuel een d'Bild iwwerall um Internet fënnt, bezuelt maachen. Ëmgerechent 340.000 Euro gouf fir den NFT bezuelt a sollt dësen iergendwann mol weider verkaf gi verdéngt d'Studentin nach emol 10 Prozent vum Erléis.

Där Fäll ginn et der mëttlerweil schonn eng ganz Partie. Keefer spekuléieren nämlech dorop, dass net austauschbar Wäertmarken wéi NFTen an Zukunft esou vill u Wäert gewanne kéinte wéi seele Sammelkaarte vu Baseball-Spiller.