Vun Interviewe schéngt dat heiten Hausdéier relativ wéineg ze halen...

Misneach, den Hond vum iresche Präsident Michael D. Higgins ass vun haut op muer an de sozialen Netzwierker zu engem richtege Star ginn. De Grond: De Bernersennen-Hond stoung virun der Kamera, wéi säi Besëtzer interviewed gouf an huet sech dezent an de Virdergrond gespillt.

Am Clip, deen de Präsidentebüro mam Numm "Hannert de Kulissen" verëffentlecht huet gesäit een de 7 Méint ale Mupp wéi e wärend dem TV-Optrëtt fir den nationalen Norichtensender um Higgins senger Hand knabbert. Ma domat net genuch, den Hond pëtzt och no dem Präsident senger Jackett a leet him d'Patten op de Kierper. Et schéngt wéi wann de Misneach all erdenklechen Trick aus dem Handbuch fir Hënn auspake fir sengem Besëtzer seng Opmierksamkeet ze kréien.

Och wann et am Interview em een trauregt Thema gaangen ass, den Doud vum Schauspiller Tom Hickey, esou huet den Optrëtt vum Mupp fir immens vill Sympathiepunkte beim Public gesuergt.