D'Autoritéiten aus Rumänien hunn sech eppes besonnesches iwwerluecht fir d'Leit vun enger Corona-Impfung z'iwwerzeegen.

Am "Dracula-Schlass" Bran a Rumänien kann een sech elo och géint de Covid-19 impfe loossen. D'Aktioun riicht sech haaptsächlech un Touristen, mee och d'Rumäne selwer kennen sech hei spontan impfe loossen.
No der Impfung gëtt et dann eng gratis Féierung duerch d'Schlass, wéi och e Zertifikat fir "Courage a Responsabilitéit".