Well de Stee gehënnert huet ass Frankräich kuerzerhand méi kleng an d’Belsch méi grouss gemaach ginn.

Wéi wichteg kann e Grenzstee scho sinn? Dat muss sech e belsche Bauer geduecht hunn, wéi hien de Grenzsteen tëscht Frankräich an der Belsch ëm e puer Meter verréckelt huet. De Grond: Säin Trakter ass net laanscht komm an dunn huet de Steen alt missen dru gleewen.

Genee 2,29 Meter gouf de Steen op d’Säit gedréckt a mat dëser klenger Aktioun ass Frankräich deemno geschrumpft, wärend d’Belsch gewuess ass. Dem Bauer war dat net bewosst, réischt en Hobby-Historiker, deen de Stee wärend engem Spadséiergang entdeckt huet, huet realiséiert, dass do eppes net stëmmt an de Virfall gemellt.

Keng Angscht: De Buergermeeschter vun der belsche Grenzstad huet et mat Humor geholl an och d’Buergermeeschtesch vun der franséischer Säit hat e Grenzkonflikt direkt ausgeschloss.

Dat eenzegt wat de Bauer elo muss maachen ass de Steen zréck op seng korrekt Plaz leeën. Mécht en dat net, da kéinten tatsächlech legal Konsequenzen nokommen.