Eng Woch laang waren d’Déieren op fräiem Fouss ier d’Leit ronderëm gewarnt goufen.

Am Oste vu China sinn d’lescht Woch 3 Leoparden aus engem Safaripark ausgebéchst. Dës goufen dunn och relativ séier vu Leit am Ëmkrees erbléckst, ma ëffentlech gemaach gouf de Virfall awer réischt eng ganz Woch no dem Ausbroch!

Zwou vun den dräi Wëllkaze goufe mëttlerweil nees agefaangen, déi Drëtt leeft nach fräi ronderëm. Der lokaler Regierung no, wär ee mat Dronen an Hënn op der Sich no dem Leopard.

D’Verheemlechung léist natierlech staark Kritik um Park aus. Ma wéi wann eng Wëllkaz net scho geféierlech genuch kéint gi wann een net weess wéi ee reagéiere soll, ass dat Ganzt och nach wärend Feierdeeg geschitt, enger Zäit an där vill Touristen an der Géigend ënnerwee waren.