Näischt fir mënschlech Singelen!

Dating-Apps oder Annonce fir ee kennen ze léiere sinn näischt Ongewéinleches, scho guer net an Zäite vun enger Pandemie. Ma eng Annonce vun engem Schwan fir e Schwan, dat ass dann awer eppes wat een net all Dag liest.

"...gemitterlecht Doheem mat Pool a groussem Burg-Gaart", esou heescht et an der Annonce an där de passende Partner fir d'Déier, mam Numm "Hänsel Jr.", gesicht gëtt. Den Hänsel, deen all Dag seng Ronnen duerch de Séi vun der Buerg Kalteneck, ass aktuell am geschlechtsräifen Alter a béchst ëmmer nees aus fir op "Brautschau" ze goen.

Der Annonce no, gëtt elo eng jonk Schwane-Madamm gesicht, déi prett ass sech mam Hänsel neier ze loossen. Seriö Offere fir d' "Wie wëll mech"-Annonce wäre souguer schonn aus all den Ecker aus Däitschland komm an elo misst een d'Demande just nach préiwen, ier een dem Hänsel säi Gretel presentéiert.

An dat ass net just esou dohi gesot, et huet sech tatsächlech e Schwan mam Numm "Gretel" gemellt (oder besser gesot d'Besëtzer vun der Single-Lady). De Buergermeeschter krut souguer eng Foto vun der Bewerberin geschéckt a wéi hien dem Hänsel säi potentiellt Gretel gewisen huet, hätt dëse sech richteg opgeplustert. Deemnächst soll also e Blind-Date organiséiert ginn a falls et gutt leeft kéint een direkt d'Hochzäit plangen. Ëmmerhin ass de Sall fir d'Hochzäite vun der Gemengt direkt nieft dem Buerg-Gaart.