Rankfësch amplaz vu Rankfanger?!

Wéi den Nathan Reeves am Ufank vum Joer säin Hochzäitsrank an der Vakanz op Norfolk Island (ronn 1.400km ëstlech vun Australien) verluer huet, war seng Fra Suzie Quintal natierlech net begeeschtert! Trotz all de Beméiungen ass de Rank net méi opgedaucht. Bis elo! Bis d'Susan Prios, dat op der Insel lieft a Schnorcheltouren ubitt, e blénkege Fësch entdeckt huet.

Blénkeg, net wéinst senge Schuppen, mee wéinst dem Accessoire, deen e ronderëm de Bauch hat. Op hirem Blog schreift d'Susan méi dacks iwwer d'Flora a Fauna vun der Insel - genee esou wéi iwwert d'Ëmweltverschmotzung, déi een och am Mier ëmmer méi gesäit.

Ma den Accessoire, deen dëse Fësch opgegabelt hat, war keng Béchs oder Plastiksfläsch mee e gëllene Rank. D'Susan huet sech direkt un e Facebook-Post vun der lokaler Community erënnert, bei deem et am Ufank vum Joer ëm e verschwonnenen Hochzäitsrank gaangen ass. Séier war d'Koppel fonnt a kontaktéiert ginn, ma de Fësch, deen hat d'Susan net direkt gefaangen an deemno schwëmmt en nach mam Accessoire ronderëm de Bauch duerch d'Mier. Frënn vun der Koppel, déi op der Insel liewen, hu sech d'Zil gesat de Fësch ze fannen a ginn all Dag mat Tauchausrüstung an Netzer nom Déier sichen. Dem Fësch soll bei där ganzer Aktioun natierlech näischt geschéien.

Mol kucken ob et en happy end fir d'Suzie an den Nathan an och de Fësch gëtt.