Den US-Bundesstaat Ohio belount déi Persounen, déi sech impfe loosse mat enger Chance op ee Gewënn vun 1 Millioun Dollar oder op ee Stipendium vu 4 Joer.

De Gouverneur Mike DeWine huet um Mëttwoch matgedeelt, dass ënnert all de Bierger, déi sech impfe loossen, ee Gewënn vun enger Millioun Dollar (ronn 820.000 Euro) ausgeloust gëtt. Dës Lotterie fënnt ee mol d'Woch wärend 5 Woche statt a jiddereen ab 18 Joer kann drun deel huelen. Fir matzemaache muss een op mannst déi éischt Impfdosis erhalen hunn.

Mee och fir Persounen ënner 18 Joer ass eng Lotterie an d'Liewe geruff ginn. De Präis hei ass ee Stipendium vu 4 Joer fir eng staatlech Universitéit. An den USA, wou d'Ausbildung op enger Héichschoul extrem deier ass, gëllt dëst als een attraktive Präis. Säit de Méinde kennen sech och Jonker tëschent 12 a 15 Joer an den USA mam BioNTech-Pfizer Impfstoff géint de Corona impfe loossen.

Den DeWine rechtfäerdegt seng Iddi domadder, dass et verréckt ass, dass weiderhi Léit un enger Coronainfektioun stierwen, obwuel et awer genuch Impfstoffer fir jidderee ginn.

D'Zuel vun den alldeeglechen Impfungen ass am gaangen zeréck ze goen an dobäi si réischt knapp 60 Prozent vun den Erwuessener geimpft. Vill Persounen déi nach net geimpft sinn, hunn och weiderhi Bedenken. Dofir probéieren, nieft Ohio, och nach aner Ministeren d'Impfunge méi attraktiv ze gestallten an der Hoffnung Onentschlossener mat Fräibéier, Donuts oder Tickete fir Sporteventer zur Impfung ze beweegen.