Bal ee Joer huet de Kannerchouer un der Cover-Versioun "Du Hast" geüübt an dat huet sech gelount!

Ënnert der Leedung vun der "O'Keefe Music Foundation", där hiert Zil et ass d'Loscht un der Musek bei Kanner weltwäit ze fërderen, huet eng Grupp vu Jonken tëscht 9 an 18 Joer de Rammstein-Hit "Du Hast" gecovered. De Lead huet dann och eent vun de Jéngsten aus dem Chouer ugefouert, an zwar dat 9-järegt Taylor Jade Campbell.

Ee Joer souze se iwweregens dru well de Sänger, deen ursprénglech als Leadstëmm ageplangt war kuerzfristeg ofgespronge war. Ma d'Taylor Jade Campbell beweist am Video, dass seng Stëmm dem Original definitiv och gerecht gëtt.

Dat fannen iwweregens och déi 130.000 Mënschen, déi de Video zanter der YouTube-Premiere gekuckt hunn. Ganz dovun ofgesi vun all de Spenden, déi duerch de Cover erakomm sinn.