"Naasse Look, dréchent Gefill", mat dësem Slogan ginn déi ongewéinlech Jeans verkaf.

Wet Pants Denim, dohannert verstoppt sech d'Entreprise, déi Jeans mat engem aussergewéinlechen Design verkafen. A bei dësem Fashion Objet muss ee genuch Selbstvertrauen hu fir et ze droen! Den Numm ass hei nämlech Programm an d'Jeans huet de Wet Look, dat awer op enger ganz bestëmmter Plaz: am Schrëtt!

Verkaf ginn dës Jeans, déi den Androck vermëttel, dass ee sech an d'Box gemaach huet, op Bestellung. Eng vun dësen Jeans kascht 79 Dollar a gëtt den Ament just bannent den USA verschéckt.

Kuckt ee sech d'Säit méi genee u gëtt kloer, dass sech d'Entreprise net all ze eescht hëlt. Natierlech gëtt et och eng Witz-Krypto-Wärung: de Piss Coin.