D'Blessuren, déi mat Lëppestëft opgemoolt goufen, hunn d'Police net iwwerzeegt...

Et kéint ee mengen als Dokter wéisst ee wéi Blessure missten ausgesinn, ma bei deem heiten Akademiker kënnt een un d'Zweiwelen. Mir fänken awer vu vir un: De Sträit tëscht engem 65 Joer alen Dokter a sengem Locataire ass entstane well dëse säi Loyer net bezuelt hat. Bei der Aussproch am Buttek vum Locataire wär et zum Eclat komm an de Besëtzer vum klenge Supermarché soll op den Dokter lass gaange sinn, esou huet den Akademiker der Police et op alle Fall gezielt. Fir dës Virwërf nach méi uerg klengen ze loossen huet de Mann dunn och nach all d'Register gezunn a sech mat Hëllef vun engem roude Lëppestëft Kampfspueren opgemoolt. D'Fotoen, déi en den Ermëttler doropshi geschéckt huet, hunn awer wéi et schéngt net iwwerzeegt an esou koum séier eraus, dass d "Blessuren" op alle Fall fake waren.

D'Beamten hunn den Dokter op de Büro geruff fir eng offiziell Ausso ze maachen, ma och nodeems dës bestätegt hunn, dass d'Blessure just opgemoolt waren ass de Mann bei senger Versioun vun der Geschicht bliwwen an huet behaapt "ech gouf mat enger Avocado zerklappt, mat Fäischt geschloen a blesséiert".

Der Police koum d'Geschicht faul vir an huet elo eng Klo agereecht wéinst Verleumdung a falsche Beweiser.