Illegal ass illegal...

Ob Cannabis an engem Haus am grousse Still ugebaut gëtt oder net, dat kann d'Police mat dem passenden Equipement relativ einfach erausfannen. Duerch Infraroutkameraen an Drone sinn d'Beamten zu Sandwell an England esou op e Fall gestouss, deen hinne suspekt virkomm ass.

Hei gouf gemellt, dass sech d'Bewunner vum Haus gratis u Stroum beräicheren. Dausende vu Pond wäert u Stroum, dee vun den Nopere geklaut gouf.

Nodeems d'Poliziste sech en Duerchsichungsuerder ausstelle gelooss hu gouf d'Haus duerchsicht. Fonnt hu sech och eppes, allerdéngs net d'Cannabisplanzen, déi se sech erwaart haten, mee eng "Krypto-Minn".

Krypto-Wärung ass u sech zwar net illegal, genee esou wéineg wéi Bitcoins ze "minen" mee de Stroum vun aneren unzezapen ass et definitiv. A genee dowéinst gëtt da lo géint de Besëtzer ermëttelt.