Keen Happy Hippo...

Flosspäerd sinn zwar Vegetarier a wierke wéi gemittlech Déieren, ma begéine wëll een dëse Kolossen a fräier Natur léiwer net! Fir hir Gréisst an d'Gewiicht si se erstaunlech beweeglech an och séier. Dat huet elo och e Video bewisen, deen am Internet ronderëm geet.

Eng Grupp vun Touriste war um Victoriasee a Kenia ënnerwee fir exotesch Déieren ze beobachten a sinn dobäi engem Hippo ze no komm wéi et hinne léif war. Dat risegt Déier ass kuerz ënner Waasser gedaucht, fir dann d'Boot a Viséier ze huelen a mat Vollgas hannendrun ze schwammen. Zäitweis ass d'Nilpäerd dem Boot ëmmer méi no komm, ma am Endeffekt konnten d'Touriste sech retten.