Mat 9 a 4 hate se zwar nach kee Führerschäin, ma wéinstens wosste se, dass ee sech ustrécke muss…

Zwee Meedercher am Alter vun 9 a 4 vu Utah haten den Dram mat Delfinen ze schwammen, an dat och nach a Kalifornien. Kuerzerhand hunn déi Zwee den Elteren hiren Auto geklaut a sech op de Wee gemaach.

Op engem Mëttwoch matten an der Nuecht haten d'Kanner sech an d'Kiche geschlach, hunn d'Schlëssel fir de Chevy Malibu stibitzt a sech op de Wee gemaach. D'Meedche vun 9 ass gefuer, dat anert souz niewendrun. Ganzer 10 Meile wäit sinn déi Zwee komm, dunn hate se en Accident mat engem anere Gefier.

Wéi Leit ronderëm dat Ganzt melle wollten, hu se gemierkt, dass zwee Kanner hannert dem Steier souzen an hunn d'Police geruff. D'Eltere ware geschockt wéi se rausfonnt hu wat hir zwee Meedercher gemaach haten a soten der Police se hate viru kuerzem iwwert e méiglechen Trip bei d'Delfinen a Kalifornie geschwat. Ma déi Zwee konnten et wuel net ofwaarden.

Glécklecherweis waren d'Meedercher ugestréckt an et ass kengem eppes bei dëser Aventure geschitt.